Romy Schneider
Romy Schneider | |
---|---|
Gebuertsnumm | Rosemarie Magdalena Albach |
Gebuer |
23. September 1938 Wien |
Gestuerwen |
29. Mee 1982 7. Arrondissement |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich, Däitschland, Éisträich |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Harry Meyen, Daniel Biasini |
Liewenspartner(in) | Alain Delon |
Papp | Wolf Albach-Retty |
Mamm | Magda Schneider |
Kanner | Sarah Biasini |
D'Romy Schneider, eigentlech Rosemarie Magdalena Albach, gebuer den 23. September 1938 zu Wien, a gestuerwen den 29. Mee 1982 zu Paräis, war eng däitsch Schauspillerin.
D'Romy Schneider ass d'Duechter vun de Schauspiller Magda Schneider a Wolf Albach-Retty.
1953 huet si hir éischt Roll am Film Wenn der weiße Flieder wieder blüht gespillt. Mat dem Film Sissi ass hir den Duerchbroch am Kino gelongen. Dëse Film huet se net méi lassgelooss an dat besonnesch an Däitschland. D'Romy Schneider huet misse kämpfe fir deem Stempel vum séisse, brave Meedche lasszeginn.
An Däitschland war hir Karriär Enn vun den 1950er Joren un engem Déifpunkt ukomm. D'Rettung koum aus Frankräich. D'Romy huet bei engem Film den Alain Delon kenne geléiert. Mat deem huet se ënner der Regie vum Luchino Visconti zu Paräis Theater gespillt. Si krut Filmrollen ugebuede vum Visconti (Boccaccio '70) a vum Orson Welles (Le procès).
Mat hirer Karriär goung et da biergop, an a Frankräich huet d'Romy sech zu enger grousser Schauspillerin entwéckelt. Si gouf ee vun de Stare vum franséische Film, dat besonnesch duerch d'Filmer vum Claude Sautet.
Uganks vun den 1980er Joren huet d'Romy sech enger schwéierer Operatioun missen ënnerzéien. Hire Jong ass kuerz duerno duerch en trageschen Accident ëm d'Liewe komm. Vun deene Schicksalsschléi huet si sech net méi erholl, a si ass am jonken Alter vun 43 Joer un Häerzversoe gestuerwen.
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]vun 1953 bis 1959
[änneren | Quelltext änneren]- 1953: Wenn der weiße Flieder wieder blüht, vum Hans Deppe mam Willy Fritsch a Magda Schneider
- 1954: Feuerwerk, vum Kurt Hoffmann mam Lilli Palmer a Karl Schönböck
- 1954: Mädchenjahre einer Königin, vum Ernst Marischka mam Adrian Hoven a Magda Schneider
- 1955: Die Deutschmeister, vum Ernst Marischka mam Magda Schneider an Hans Moser
- 1955: Der letzte Mann (1955), vum Harald Braun mam Hans Albers a Joachim Fuchsberger
- 1955: Sissi, vum Ernst Marischka mam Karlheinz Böhm a Magda Schneider
- 1956: Sissi - Die junge Kaiserin, vum Ernst Marischka mam Karlheinz Böhm a Magda Schneider
- 1956: Kitty und die große Welt, vum Alfred Weidenmann mam Karlheinz Böhm a Paul Dahlke
- 1956: Robinson soll nicht sterben, vum Josef von Báky mam Horst Buchholz an Erich Ponto
- 1957: Monpti, vum Helmut Käutner mam Horst Buchholz
- 1957: Sissi - Schicksalsjahre einer Kaiserin, vum Ernst Marischka mam Karlheinz Böhm a Magda Schneider
- 1957: Scampolo, vum Alfred Weidenmann mam Paul Hubschmid
- 1958: Mädchen in Uniform, vum Géza von Radványi mam Lilli Palmer, Sabine Sinjen a Christine Kaufmann
- 1958: Christine, vum Pierre Gaspard-Huit mam Alain Delon a Jean-Claude Brialy
- 1958: Die Halbzarte, vum Rolf Thiele mam Carlos Thompson
- 1959: Ein Engel auf Erden, vum Gèza von Radványi mam Henri Vidal a Michèle Mercier
- 1959: Die schöne Lügnerin, vum Axel von Ambesser mam Jean-Claude Pascal a Charles Regnier
- 1959: Katia, vum Robert Siodmak mam Curd Jürgens a Françoise Brion
vun 1960 bis 1969
[änneren | Quelltext änneren]- 1960: Plein soleil, vum René Clément mam Alain Delon a Marie Laforêt
- 1961: Boccaccio '70, (Sketch: Il lavoro) vum Luchino Visconti mam Tomás Milián
- 1961: Le combat dans l'île, vum Alain Cavalier mam Jean-Louis Trintignant
- 1961: Die Sendung der Lysistrata, vum Fritz Kortner mam Barbara Rütting
- 1962: Le procès, vum Orson Welles mam Anthony Perkins a Jeanne Moreau
- 1963: The Victors, vum Carl Foreman mam Melina Mercouri, Jeanne Moreau an Elke Sommer
- 1963: The Cardinal, vum Otto Preminger mam Tom Tryon
- 1964: God Neighbor, Sam, vum David Swift mam Jack Lemmon
- 1964: L'enfer, vum Henri-Georges Clouzot (gouf net fäerdeg gedréint)
- 1964: L'amour à la mer, vum Guy Gilles mam Daniel Moosmann
- 1964: What's new Pussycat?, vum Clive Donner mam Peter O'Toole a Peter Sellers
- 1965: 10:30 P.M. Summer, vum Jules Dassin mam Melina Mercouri a Peter Finch
- 1966: La voleuse, vum Jean Chapot mam Michel Piccoli an Hans-Christian Blech
- 1966: Triple Cross, vum Terence Young mam Christopher Plummer, Yul Brynner an Harry Meyen
- 1968: Otley, vum Dick Clement mam Tom Courtenay an Alan Badel
- 1968: La piscine, vum Jacques Deray mam Alain Delon a Maurice Ronet
- 1969: My Lover My Son, vum John Newland mam Dennis Waterman an Donald Houston
vun 1970 bis 1979
[änneren | Quelltext änneren]- 1970: Les choses de la vie, vum Claude Sautet mam Michel Piccoli a Jean Bouise
- 1970: Qui ? , vum Leonard Keigel mam Maurice Ronet a Gabriele Tinti
- 1970: Max et les ferrailleurs, vum Claude Sautet mam Michel Piccoli a Georges Wilson
- 1970: Bloomfield, vum Richard Harris an Uri Zohar mam Richard Harris
- 1970: La califfa, vum Alberto Bevilacqua mam Ugo Tognazzi a Marina Berti
- 1971: The Assassination of Trotzki, vum Joseph Losey mam Richard Burton, Alain Delon an Enrico Maria Salerno
- 1972: Ludwig, vum Luchino Visconti mam Helmut Berger a Silvana Mangano
- 1972: César et Rosalie, vum Claude Sautet mam Yves Montand a Sami Frey
- 1973: Le train, vum Pierre Granier-Deferre mam Jean-Louis Trintignant a Maurice Biraud
- 1973: Un amour de pluie, vum Jean-Claude Brialy mam Suzanne Flon an Nino Castelnuovo
- 1973: Le mouton enragé, vum Michel Deville mam Jean-Louis Trintignant an Jane Birkin
- 1974: Le trio infernal, vum Francis Girod mam Michel Piccoli
- 1974: L'important c'est d'aimer, vum Andrzej Żuławski mam Jacques Dutronc a Klaus Kinski
- 1975: Les innocents aux mains sales, vum Claude Chabrol mam Rod Steiger an Hans-Christian Blech
- 1975: Le vieux fusil, vum Robert Enrico mam Philippe Noiret, Jean Bouise a Joachim Hansen
- 1976: Une femme à sa fenêtre, vum Pierre Granier-Deferre mam Philippe Noiret a Victor Lanoux
- 1976: Mado, vum Claude Sautet mam Michel Piccoli an Ottavia Piccolo
- 1977: Gruppenbild mit Dame, vum Aleksandar Petrović mam Brad Dourif a Vadim Glowna
- 1978: Une histoire simple, vum Claude Sautet mam Bruno Cremer a Claude Brasseur
- 1979: Bloodline, vum Terence Young mam Audrey Hepburn an James Mason
- 1979: Clair de femme, vum Costa-Gavras mam Yves Montand an Heinz Bennent
vun 1980 bis 1981
[änneren | Quelltext änneren]- 1980: La mort en direct, vum Bertrand Tavernier mam Harvey Keitel an Harry Dean Stanton
- 1980: La banquière, vum Francis Girod mam Marie-France Pisier a Claude Brasseur
- 1981: Garde à vue, vum Claude Miller mam Lino Ventura a Michel Serrault
- 1981: Fantasma d'amore, vum Dino Risi mam Marcello Mastroianni a Wolfgang Preiss
- 1981: La passante du Sans-Souci, vum Jacques Rouffio mam Michel Piccoli an Helmut Griem
- 2009: L'enfer, vum Serge Bromberg a Ruxandra Medrea. (Dokumentarfilm)
Dokumentarfilmer iwwer d'Romy Schneider
[änneren | Quelltext änneren]- Romy Schneider, étrange étrangère (TV) vum Anne Andreu a Francesco Brunacci
- Romy Porträit eines Gesichtes vum Hans-Jürgen Syberberg
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- 1976: César als bescht Schauspillerin fir L'important c'est d'aimer
- 1979: César als bescht Schauspillerin fir Une histoire simple
- 1977: Filmband in Gold fir Gruppenbild mit Dame
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Hans-Jürgen Tast: Romy Schneider - Ein Leben auf Titelseiten Schellerten 2008, ISBN 978-3-88842-036-8.
- Isabella Giordano: Romy Schneider - Das private Album. Henschel, Berlin 2006, ISBN 3-89487-542-9
- Michael Jürgs: Der Fall Romy Schneider. List, München 1991, Ullstein, München 2003, ISBN 3-471-77885-3
- Hildegard Knef: Romy Schneider - Betrachtung eines Lebens. Moewig, Hamburg 2007, ISBN 978-3-86803-100-3
- Günter Krenn: Romy Schneider. Die Biographie. Aufbau-Verlag, Berlin 2008, ISBN 978-3-351-02662-2
- Alice Schwarzer: Romy Schneider - Mythos und Leben. Kiepenheuer & Witsch, Köln 1998, ISBN 3-462-02740-9
- Renate Seydel: Ich, Romy - Tagebuch eines Lebens. Langen-Müller, München 1989, Piper, München 2005, ISBN 3-492-22875-5
- Michael Töteberg: Romy Schneider. Rowohlt, Reinbek 2009, ISBN 978-3-499-50669-7
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Romy Schneider – Biller, Videoen oder Audiodateien |